Weltumspannendes “Locus Iste” – den 200ste Gebuertsdag vum Anton Bruckner

Aus méi wéi 50 Bäiträg, aus der ganzer Welt, gouf dem groussen éisträichesche Komponist Anton Bruckner, seng Motette Locus Iste, fir deem säin 200ste Gebuertsdag, zu engem Gesamtvideo zesumme geschnidden.

De Video weist, dass Musek verbënnt an ass als weltwäit Symbol vu Fridden, den 1.1.24, als Erëffnung vum Brucknerjoer (1824-1896), verëffentlecht ginn.

Och den LCE-Musicalchouer ass dësem Opruff nogaangen an huet d’Motette mat bewonnerenswäertem Engagement am Spigelsall vum Iechternacher Lycée opgeholl.