Aweiung vun der Ausstellung „EU4You(th)“

D’Direktioun vum LCE hat e Freiden, den 8. Dezember 2023, déi grouss Éier d’Madamm Anne Calteux, Representante vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, den Här Marc Angel, Vizepresident vum Europäesche Parlament an den Här Christoph Schroeder, Head of the Liaison Office in Luxembourg, bei eis am Spigelsall begréissen ze kënnen. Si ware fir d’Erëffnung vun der Wanderausstellung „EU4You(th)“ op Iechternach komm. An hirer Ried huet d’Madamm Coryse Hubert, Directrice vum LCE, ënnerstrach, datt dës Ausstellung et de Jonken erméiglecht, d’Vilfalt an d‘Potential vun Europa besser kennen ze léieren. 

D’Madamm Calteux, Ancienne vum LCE, huet de Schüler an den Enseignanten déi verschidden Deeler vun der Ausstellung virgestallt. Dës Expo gouf am Kader vum „Europäesche Joer vun der Jugend“ vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg an dem Büro vum Europäesche Parlament zu Luxemburg konzipéiert. D‘Zil vun dëser Ausstellung ass lëtzebuergesch Schülerinnen a Schüler iwwert déi verschidden Aspekter vun der EU z‘informéieren an hinnen och hir Wuerzelen, d‘Funktiounsweis vun den Institutiounen an déi konkret Avantage méi no ze bréngen. 

De Christoph Schroeder ass duerno op d‘Wichtegkeet vun der Demokratie an der EU agaangen während de Marc Angel eise Schüler a Schülerinnen spannend Abléck a säin Alldag am EU-Parlament ginn huet. 

Schliisslech koum et zum eigentlechen Echange. De Marc Angel huet sech zesumme mam Anne Calteux de Schülerfroen zur EU-Positioun am Gaza-Krich, zum „Green Deal“ an zur Elektromobilitéit gestalt. 

Zum Schluss vum Echange haten d’SchülerInnen d’Geleeënheet eng Virtual-Reality-Erfarung mam „Pollinator Park“ ze maachen: Dëse präisgekréinte Virtual-Reality-Tool vun der EU erlaabt et eng Visioun vun eiser Welt ouni bestëbsend Insekten ze kréien. 

Mir soen eise Gäscht e grousse Merci fir hiren Engagement bei der Opklärung vun de Jonken iwwert europäesch Themen. Bis den 19. Dezember 2023 kënnen eis Schülerinnen a Schüler sech d’Expo nach am  Kräizgank ukucken.