LASEL Schi Championnat 2024 zu Adelboden

Sonn, perfekte Schnéi a vill Podiumsplazen – Esou kann een de Weekend um Schi-Championnat zu Adelboden beschreiwen. 

Bei beschtem Wieder ass Samschdes de Riseslalom gefuer ginn, wou den Tim Bermes an d’Sophie Warken an hirer Kategorie jeeweils eng 3. Plaz gemaach hunn.

Sonndes ass et Moies scho fréi op de Bierg gaang fir de Slalom. Do huet sech den Tim Bermes a senger Kategorie déi éischte Plaz geséchert, dei 3. Plaz ass och un den LCE gaang, dat un de Philippe Di Floriano. Bei den Dammen ass d’Sophie nees op de Podium gefuer, mat enger 3. Plaz. Bravo!