Liesung vum Auteur John-Paul Gomez

En Dënschden, de 16. Januar war den engleschsproochegen Auteur John-Paul Gomez op Besuch am Lycée. Hien huet de Klassen 2A an 3A an der Bibliothéik aus sengem Buch “The idiot of St. Benedict and other stories” virgelies.

Mat dësem Buch konnt den Auteur beim Concours littéraire national 2022 déi éischt Platz an der Kategorie “auteurs/autrices adultes” beleeën.

D’Schüler hate selbstverständlech och d’Geleeënheet dem Auteur e puer Froen ze stellen; sou wollten si zum Beispill wëssen op d’Personnagen an senge Geschichte reell Virbiller hätten, oder erfonnt wären.

De Lycée Classique d’Echternach seet dem Här Gomez villmools Merci fir déi intressant Liesung.