LCE-Preventiounsprojet

Den 18. an den 19. Dezember hu bal 600 Schüler a Schülerinnen zesumme mat 34 Enseignanten un enger Preventiounscampagne am Kader vun “Not sharing is caring” geschafft. Si goufen iwwert d’Konsequenze vu Besëtzen a Verbreede vu Gewaltvideoen informéiert an kruten erklärt, wat “non-assistance à personne en danger “an Zivilcourage heescht.
All d’Classes inférieures hu mat hiren Enseignanten de Preventiounsfilm gekuckt, deen d’4C2 mat der Madamm Racha Hamzeh, der Madamm Tanja Wagener an dem Här Laurent Weber produzéiert huet. Duerno hu si mat Aarbechtsblieder geschafft, déi an Zesummenaarbecht mam SePAS opgesat goufen.
Ganz houfreg si mir, datt souwuel de Bildungsministère, wéi och den IFEN an RTL Interessi um LCE-Preventiounsprojet gewisen hunn. Mir soen nach eng Kéier der 4C2 Merci fir hir gutt Aarbecht an och all de Schüler a Schülerinnen, datt si sou motivéiert matgeschafft hunn.