Repaircafé am LCE

D’Schüler vun der Optioun “Sustainable future” hu fir d’éischte Kéier e Repaircafé am Makerspace vum LCE organiséiert. An enger flotter Atmosphär konnten d’Schüler an d’Enseignantë gehollef kréien, hiren Objet ze flécken. Déi éischt Editioun war en Erfolleg an et ass geplangt an Zukunft all Trimester e Repaircafé unzebidden.
E grousse Merci geet un d’Repairer vu Repaircafe.lu, un eisen Service technique an d’Enseignanten aus dem LCE.