Merry X-Mas from the second floor!

Mat dëse “Papermasks” hunn d’SchülerInne vun der 3CE d’ Basisfunktiounen vum Adobe Illustrator kennegeléiert a souzesoen hier éischt Erfarungen als GrafikerInne gemaach. Déi nächst Trimestere léieren si an hirem Cours “Communication Visuelle” (Madamm Laurence Gudendorf) mat weidere Programmer um iPad ze zeechnen.