Atelier 2 en 1

D’Schüler vun de Klassen 2GCG an 3CG (Madamm Berscheid ) hunn um “Atelier 2 en 1” vun der Chambre de Commerce du Luxembourg deelgeholl. No enger intressanter Präsentatioun iwwert d’ Lëtzebuerger Wirtschaft an hir Evolutioun vun der Madame Paris, huet den Här Sabanovic vum House of Entrepreneurship Luxembourg erkläert, wat de Rôle vun dëser Plattform ass a wéi d’Entrepreneuren no der Kreatioun vun hirer Entreprise kënne begleet ginn a vun enger gratis Berodung, z. B. fir hire Finanzement oder de Networking, profitéiere kënnen. Zum Schluss vun der Präsentatioun huet den Här Charles Schroeder vu Party Rent Group, Ancien vum LCE, de Schüler säi Wee als Entrepreneur beschriwwen. Säit méi wéi 20 Joer ass hien elo Independant a verléint Equipment fir Evenementer, vum Eechternoacher Chrëschtmaart iwwert Betribsfeiere bis hin zum DFB-Pokal. Gären hätten d’Schüler nach méi laang nogelauschtert! 

En Entrepreneur weess net ëmmer, ob seng Iddi wäert Succès hunn, brauch oft an der Ufanksphase d’Ënnerstëtzung vun der Famill, huet vill Responsabilitéiten, eng Schaffwoch, déi net just op 40 Stonne begrenzt ass, mee ass dofir awer säin eegene Chef, kann eegen Iddien ëmsetzen, grënnt Aarbechtsplazen a ka stolz op dat si, wat en opbaut.  

Mir soen den Intervenanten MERCI fir déi interessant Präsentatiounen !