Trip op Paräis (Part 2)

Och d’Schüler an d‘Schülerinne vun der 1CD ware mat den Ecosproffen Michel a Paul Kohnen e Weekend op Paräis. An enger gudder Ambiance konnten si an deenen 2 Deeg flott Impressiounen aus der Weltstad mat Heem huelen. Déi Rees an hirem Ofschlossjoer am LCE wäert de Schüler a Schülerinnen hoffentlech laang an Erënnerung bleiwen.