Cours “sujets d’actualité”

Den onofhängegen (Fernseh)Journalist Petz Bartz war am LCE op Besuch fir am Cours “Sujets d’actualité” mat de 1ère-SchülerInnen iwwert d’Erausfuerderunge vu sengem Beruff ze schwätzen.
An engem oppenen Echange konnt hien seng Erfarungen (e.a. an der Ukraine, Syrien, asw.) mat eise SchülerInnen deelen. Relevanz, Methodik, Objektivitéit, Faktencheck, Onofhängegkeet, Fairness, Integritéit, Verantwortung… vill Dimensioune vun der Informatiounssammlung goufe konkret thematiséiert an e puer “wow-Erliefnisser” hunn et dann och nach besonnesch spannend gemaach.
Mir soen dem Petz Bartz en décke Merci fir seng Disponibilitéit!