Classe de Neige zu Flaine

90 Schülerinnen a Schüler vun eise 6e’s Klassen an 11 Enseignanten hunn zesummen flott a sportlech Deeg an der Classe de neige zu Flaine verbruecht. Bei guddem Wieder a beschter Laun stoungen niewt dem Ski-Stage Aktivitéiten an Animatioun um Programm. Et wäerte vill Erënnerunge bleiwen.