Lëtzebuerger Philosophieolympiad 2024

Den 23. Januar 2024 huet de schoulinterne Concours fir déi national Philosophieolympiad am LCE stattfonnt. Ënnert villen Iddien, déi derwäert gewiescht wieren, fir extra ervirgehuewen ze ginn, konnte bei der dësjäreger Editioun déi vum Lisy Meyers (2CA) a Max Müller (1CG) am meeschten iwwerzeegen. Domadder representéieren si den LCE bei der nationaler Philosophieolympiad, déi den 22. Mäerz zu Walfer stattfënnt. Dem Lisy a Max eis Felicitatiounen an alles Guddes fir déi nächst Epreuve(n)!