Safer Internet

Och dëst Schouljoer kruten eis Septimaner vun de Fachleit vu “Bee Secure” de sécheren Ëmgang mam Internet an de soziale Medie gewisen. Si goufen sou ënnert anerem iwwert d’Gefore vun Deepfakes oder der aktueller Bedruchsmethod, dem Phishing, informéiert. Eis Schüler a Schülerinne goufe virun dësen an anere Gefore gewarnt, krute gewisen, wéi si sech schütze kennen a wat si am Fall vun engem Bedruch am beschte maache sollen.