3CI um Makerfest

D’Schüler vun der 3CI (Sektioun Informatik a Kommunikatioun) ware mat hiren Infos-Proffen dem Här Thillen an dem Här Gashi um Forum Geesseknäppchen an den MAKERFEST, eng Veranstaltung, op deier jonk Schüler d’Méiglechkeet kréien, nei Technologien z’entdecken, andeem se u praktesche Workshops deelhuelen.

Besonnesch erausgestach si folgend Workshops:
1. Cryptography: Schüler hunn geléiert  wéi ee Text ver- an entschlësselen kann.
2. Roboter stéieren: Schüler hunn Roboter-Wonn duerch ee Parcours gestéiert.
3. Design-Thinking ee Workshop wou ee léiert mat kreativ Léisungsusätz, iterativ Prototypen an Zesummenaarbecht ee Projet ze realiséieren. Dëse Workshop wäert besonnesch interessant gi fir hiert Fach MAIOU (Maîtrise d’ouvrage) wou et genau dorëm’s geet.“