Researchers at School

Et ass fir di 14. Kéier, datt de Fonds National de la Recherche www.fnr.lu
« Researchers at School » (fréier « Chercheurs à l’école ») organiséiert. Lokal Fuerscher aus alle wëssenschaftlechen Disziplinne kommen an d’Lycéeë, fir mat de Schüler, iwwert hiert Liewen als Fuerscher ze schwätzen, si ze motivéieren an hier Passioun ze deelen. En Dënschdeg hate sou d’Schüler vun der 2CLC/CC d’Geleeënheet an deem Kader mat engem Fuerscher ze schwätzen a goufe méi iwwert seng Fuerschungsgebidder gewuer.
De Sebastian Scheer, PhD, vum Luxembourg Institute of Health (www.lih.lu) huet an engem flotten an intressante Virtrag de Schüler säi Fuerschungsgebitt, Immunologie an Epigenetik, virgestallt. Hien huet iwwert säin Alldag als Fuerscher geschwat an och säi Wee a säi Studiegang (woubäi hien op ville Plazen an der ganzer Welt gefuerscht huet) vum Grondschüler bis zum Senior Researcher beschriwwen an ass op di vill Froen, déi d’Schüler zum Deel schonns am Virfeld preparéiert haten, agaangen.

.