Brevet Bronze vum Mérite Jeunesse

De « Mérite Jeunesse » zeechent den Engagement vu Jonken an de Beräicher Expeditioun, Sport, Talent a Benevolat aus. Véier Schüler aus dem LCE hu rezent hire « Brevet Bronze » ofgeschloss.
Op der Remise des Insignes kruten d’Amélie Gretsch an d‘Julie Gretsch hire Certificat vum Prënz Guillaume a vum Bildungsminister Claude Meisch iwwerreecht. Begleet goufen si vum Robert Droulans, Directeur adjoint vum LCE an hirer Tutrice, der Madamm Carmen Schares.