Zweete Präis fir eis jonk Journalisten!

D’Schüler vun der 3CA hunn am Kader vum Concours “Jeune Journaliste” e Magazine iwwert Slow Food a Slow Fashion erstallt. Heifir hunn si e Sträitgespréich mat Fir- an Nodeeler simuléiert, eng Ëmfro gemaach a souguer en Interview mam Caroline Nockels, der Besëtzerin vum Carli’s Coffee, gefouert.
Fir hier Efforte kréien si e Méinden den zweete Präis iwwerreecht.
Eis Felicitatiounen!