on.perfekt am Optiounscours „Sustainable Future“

Den 13. Mäerz 2024 war d’Laura Possing vun der Société Coopérative on.perfekt op Besuch am Optiounscours „Sustainable Future“ fir iwwer Liewensmëttelverschwendung ze schwätzen.
Dobäi sinn d’Schüler*innen ënner anerem gewuer ginn, datt een Drëttel vun de weltwäit produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit ginn an aus wéi engen Ursaachen dat geschitt. Si hunn och geléiert, wat den Ënnerscheed tëscht enger „date limite de consommation“ an enger „date de durabilité minimale“ ass an d’Laura huet hinnen erkläert, wat on.perfekt hei zu Lëtzebuerg géint Liewensmëttelverschwendung mécht. D’Madamm Possing hat och „onperfekt“ Liewensmëttel dobäi an d’Schüler*inne konnten déi schmaachen a se hunn aus „onperfektem“ Uebst a Geméis Jus gemaach.