Bakterien am Solarium

Wéi eng Auswierkungen hunn UV-Stralen op d’Ierfmaterial  a schützt Sonnecrème den ADN virun dësen ?
Eng Äntwert op dës zwou Froe kruten d’Schüler vun der 2eC am Kader vun engem Atelier am Scienteens Lab – de Labo fir Jonker – um Campus vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch/Belval.
Wärend engem Schouldag konnten d’Schüler hei, zesumme mat Fuerscher aus dem Labo, verschidde wëssenschaftlech Methoden aus der Molekularbiologie, wéi PCR a Gel-Elektrophores, selwer duerchféieren, mam Ziel erauszefannen, ob UV-Stralen den ADN vun der Bakterie Escherichia coli irreversibel beschiedegen oder net an, am Fall wou, ob Sonnecrème dat verhënnert.