Job Shadow Day

Verschidde Schüler aus dem LCE hunn dëst Joer um “Job Shadow Day” deelgeholl a konnten sou een Dag laang en Abléck an den Aarbechtsalldag kréien. Hei e puer Andréck :

Laura Nosbusch: “Ech hu vill dobäi  geléiert a mat ECONOCOM eng Firma kennegeléiert vun där ech virdrun nach näischt leieren hat.”

Jean-Pierre Federspiel :” Ech krut e ganz flotten Abléck an den Alldag vum CEO vum House of Startups a si hu mir och vill vum House of Startups a senge Funktiounen erzielt. Doduerch datt deen Dag sou animéiert war, wat natierlech op der enger Säit gutt war, konnt ech elo awer net sou wierklech vollstänneg gesi,  

wéi een normalen Alldag vun engem CEO sou ass. Mee dat ass och dat  

Eenzescht, wat ech auszesetzen hunn. “

Lou Mathieu: ” Et war flott mol hannert d‘Kulissen ze kucken an eng Iddi vum Aarbechtsliewen ze kréien. Et war interessant di verschidden Domainer ze entdecken. Mir huet virun allem och di cool Atmosphäre ënnert den Aarbechtskolleege gefall.”