Sproochemoien am LCE

Haut de Moie konnten d’Schüler an d’Schülerinne vun de 7C Klassen sech op eng méi spilleresch Aart a Weis mat Sproochen ausernanersetzen.

Sou hunn engagéiert Mataarbechter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat hinnen e flotte Quiz iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur gemaach. An der Schoulbibliothéik stoungen déi däitsch Sprooch an d’Bicherwelt am Mëttelpunkt, wärend si op der Bün am Festsall eng kleng Aféierung an d’Theaterspille kruten. Och goufen eis Septimaner dee Moie gewuer, datt si op 6e eng nei Sprooch, Englesch oder Latäin, léiere wäerten, woubäi d’Latäinprofessorin hinne gewisen huet, datt dës sougenannten “doudeg” Sprooch dach nach ganz lieweg ka sinn.

Mir soen dem Jil Bekené, dem Dani Breuer, dem Regina Stölben, dem Tessy Schortgen souwéi dem Josiane Boever an dem Daniel Wagener, alle béid Mataarbechter vum ZLS, e ganz grousse Merci fir hiren Asaz an hir Kreativitéit!