Job Shadow Day

An der Woch vum 25. Mäerz 2024 hu 7 Schüler aus dem LCE um “Job Shadow Day” vun der JEL (Jonk Entrepreneure Luxembourg) deelgeholl. Hei konnten déi Jonk wärend engem Dag en Abléck an d’Beruffsliewe vun engem Betribsmanager kréien. Eng Rei bekannten Entreprisë, wéi Eldoradio, Rockhal, Garage Kruft, RTL etc., hu bei dëser Aktivitéit matgemaach. Den 18. Abrëll kruten d’Schüler bei der “manifestation de clôture” an der Chambre des Métiers hiren Zertifikat iwwerreecht.
D’Laura Nosbusch, de Léo Krist an de Jean-Pierre Federspiel hu mam Ecosproff Paul Kohnen un dëser Manifestatioun deelgeholl.
(Foto an Text: Paul Kohnen)