Lëtzebuergesch op der 4C

Am Kader vum Lëtzebuergeschkuer hunn d’SchülerInne vun der 4CCL1 am Laf vum Joer en Deel vum Buch “Perl oder Pica” gelies. Lescht Woch hate si d’Chance, den Auteur, Jhemp Hoscheit, kennen ze léieren. Den Auteur huet de SchülerInnen d’Hannergrënn vun der Entsteeung vun dësem Buch erkläert a si matgeholl op eng faszinéierend a beréirend Rees a seng Kandheet an an d’Nokrichszäit zu Lëtzebuerg.

De Schluss vum Buch liesen d’SchülerInnen elo mat aneren Aen a Gedanken a wäerten, esou wéi den Auteur et sot, “anescht aus dem Buch erauskommen, wéi een erageklomme war.” 

D’SchülerInnen an hier Enseignante sinn dankbar, fir dee gelongenen, interessanten, authenteschen, witzegen, éierlechen a perséinlechen Temoignage vum Jhemp Hoscheit.