Mérite Jeunesse

32 Schüler hunn sech bei beschtem Abrëllswieder vu Bech op Berdorf e Wee duerch dat schéint Mëllerdall gesicht. Déi 6 Ekippe war leng ënnerwee, mä a verschidden Ateliere goufe si am viraus (vum Christophe Audenaerde, Nathalie Frohnen a Carmen Schares) op verschidden Theme virbereet: Kaart a Kompass, 1. Hëllef, Rucksak paken, kachen um Gaskocher. Trotz Bloderen a wéiem Réck war d’Laun beschtens an d’Energie ass nach duergaangen fir méi wéi ee Menu ze kachen a fir eng “kleng” Spillsaach 10 Kilometer ze schleefen.
Alles an allem waren et onvergiesslech Momenter!