Klasserees op Porto

Vum 17. bis den 20. Mee 2024 haten d’Schülerinne vun der 2e “Optioun Portugisesch”, d’Geleeënheet d’Stad Porto ze entdecken.
Do konnten si un diverse kulturellen Aktivitéiten deelhuelen, ënner anerem eng Visitt guidée vum Palácio da Bolsa, eng Visitt vun der Igreja e Torre dos Clérigos, wou si d’Vue iwwert d’Stad genéisse konnten, esou wéi och eng Visitt vun der weltbekannte “Livraria Lello”.
Beim Trëppelen duerch d’Stad hunn si déi schéin Azulejos bewonnere kënnen, déi e wichtege Bestanddeel vun der portugisescher Kultur sinn. Ausserdeem konnten d’Schülerinnen hir Sproochekenntnisser an der Praxis uwenden, virun allem fir hiert Iessen ze bestellen.