Amsterdam 2024

Mir ware mat eisen Zeecheproffen, der Madamm Hansen an der Madamm Raducu, fir ee puer Deeg op Amsterdam an hu vum gudde Wieder profitéiert. Niewent Visitte vu Muséeën, wéi dem Van Gogh Musée an dem Rijksmuseum, konnte mir och selwer vill am Zentrum entdecken.Moies hu mir am “Upside Down” vill flott Fotoe gemaaach.  Owes hate mir d’Geleeënheet Amsterdam vun engem Boot aus ze gesinn a vill iwwert d’Architektur ze léieren. Dës Klasserees huet eis all méi no zesumme bruecht.