EU-Walen: Super-Wal-Kiermes am LCE

Dës Woch hate mir d’Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung op Besuch. Dëse Projet huet als Zil, de jonke Leit Politik op eng spilleresch Manéier méi no ze bréngen. Beim Inte fëschen, Rad vun der Verännerung an der Wo vun der Demokratie sinn eis Schüler a Schülerinne vun den 3C-Klasse méi iwwert d’EU gewuer ginn a konnten och hiert Wëssen iwwert d‘EU testen.