Struwwelpippi 2024

De 5. a 6. Juni 2024 war déi däitsch Autorin Nikola Huppertz fir dräi Liesungen op Besuch an der Schülerbibliothéik vum LCE. Si huet de Klasse 6CLM, 6C3 a 5G1G4 aus hirem neie Buch “Fürs Leben zu lang” virgelies. Zum Schluss haten d’Schüler nach d’Méiglechkeet der Autorin Froen iwwer hire Beruff oder hirt Buch ze stellen, wouvun si natierlech gäre profitéiert hunn.
Iwwregens war d’Madamm Huppertz net nëmme fir dräi Liesungen am Lycée, mee si huet am Kader vun der Kinder- oder Jugendbuchautorenresidenz (och nach Struwwelpippi-Residenz genannt) e ganze Mount zu Iechternach verbruet a war souguer bei der Sprangpressessioun mat dobäi.
Den LCE seet der Mme Huppertz villmools Merci fir hire Besuch.