Rallye an der Stad

D’7C3 huet säit Oktober um Concours “Mission Nichtrauchen” deelgeholl. De 6. Juni 2024 koum et dunn zu der Ofschlossfeier vum Concours. Um Programm stoungen interessant Wëssensatelieren an eng sëlleg Sportsaktivitéiten. Zum Schluss ass et leider net duergaange fir an d’Top 3 ze kommen, mee eis Schülerinnen a Schüler hu vun engem sonnegen Dag profitéiert, fir an Ekippen d’Stad mol anescht kennenzeléieren.