Eis Äerd, eis Zukunft

De Freideg, 7. Juni huet den LCE fir d’drëtte Kéier säin Theemendag “Eis Äerd, eis Zukunft” organiséiert, un deem d’Schüler*inne vu 5e an 3e fir Nohaltegkeetstheemen sensibiliséiert gi sollen.
Bei beschtem Fréijoerswieder hunn d’Schüler*innen a verschiddenen mol méi theoreteschen, mol méi prakteschen Aktivitéiten, villes bäigeléiert.
E grousse Merci geet un déi intern an extern Intervenanten (Natur- a Geopark Mëllerdall, CELL, Repair Café, SDK Akademie, Natur an Ëmwelt, Fair Trade Lëtzebuerg, ZPB, Sidest, Frombuerger Haff, Eurosolar, Unicef a Julie Conrad) ouni déi dëse flotten Dag net hätt kënne stattfannen