“Oskar treibt Schabernack”

Halloween am LCE oder “Oskar treibt Schabernack” ass d’Thema vun dëse Grafiken, déi vun der IreE am Fach “Dessin à main levée”, ënnert der Leedung vun der Madame Anneke Hansen, realiséiert goufen. Dobäi ass eisen “Oskar”, fir déi déi et net sollte wëssen, eist Skelett aus der Bio. Et handelt hei sech ëm Zeechnungen, déi mam Stëft um iPad entstane sinn. E weidere Beweis, datt een och mat engem Tablett flott a kreativ schaffe kann.