Zesumme mat der Asbl. H.E.L.P. (Health, Education, Life, Peace) konnt den LCE och an dësem besonnesche Joer 6 verschidden humanitär Projeten vu Lëtzebuerger ONGen mat Done vu bal 38.000 € ënnerstëtzen.

Obwuel mir aus de bekannte sanitäre Grënn op den traditionelle Sponsored Run hu misse verzichten, war et eis méiglech duerch Reservfongen an eng Rei méi kleng Aktivitéiten verschidde Projeten zum Thema “Nohaltegkeet” ze subventionnéieren.  

Vun de Spende profitéieren konnte Projeten vu folgenden ONGen, déi als Zil haten d’Waasser- an d’Elektreschversuergung, souwéi d’Hygièneskonditiounen a Schoulgebaier ze garantéieren:

Amis du Tibet, ONG Padem, Kindernothilfe, Le Soleil dans la main, Fondation Raoul Follereau an Tsara Fo.

Mir soe jiddwerengem en häerzleche Merci, deen duerch seng eegen Aktivitéit oder ganz einfach en Don dës Spendenaktioun méiglech gemaacht huet. E spezielle Merci geet un déi Kollegen, déi duerch hire perséinleche “Sponsored Run” an hiren Uertschaften mat derzou bäigedroen hunn, Fongen ze sammelen. D’ Schüler vum “Groupe du Pâtre et Moine” vum LCE hunn en Dag an de Gäert vun der Orangerie an am neie “Portiersgaart” geschafft a konnten duerch de Sponsoring vun hirer Aarbechtszäit e gudden Deel zum Finanzement vun de Projete bäidroen. Merci fir dës originell Iddi!

Mir alleguerten hoffen, datt 2021 en nächste “Sponsored Run” méiglech ass, fir datt den Iechternacher Lycée, zesumme mat der Asbl. H.E.L.P., sech weiderhin fir humanitär Hëllef asetze kann.