Schéi Vakanz !

D’Direktioun vum LCE wënscht alle Membere vun eiser Schoulgemeinschaft eng erhuelsam Vakanz a seet um Enn vun dësem aussergewéinleche Schouljoer e ganz groussen …

MERCI eisem Personnel administratif an technique! Eis Leit hu mat vill Asaz kreativ Léisunge fonnt fir de Flux an eiser Schoul ze regléieren an z’organiséieren. Sou konnten déi néideg sanitär Moossname séier en Place gesat ginn.

MERCI den Enseignanten, déi onermiddlech fir hir Schüler am Asaz waren an ënnert schwieregen Aarbechtsbedingungen hu misse Schoul halen.  

MERCI de Membere vun eise Servicer, déi vulnerabel Schüler an dëser schwiereger Situatioun gestäipt hunn.

MERCI un eis Schüler, déi duerch hiert disziplinéiert, responsabelt Verhalen dofir gesuergt hunn, datt mir (zumindest bis elo) kee COVID- 19 Fall an eiser Schoul hunn.

MERCI un d’Elteren, déi déi lescht Méint a Woche staark gefuerdert waren.