„Sponsored Help“ amplaz vum Sponsored Run

De Groupe du Pâtre et Moine huet bei der Aktioun „Sponsored Help“ matgemaach an e Méindeg, den 13. Juli vun 10.00 bis 16.00 Auer (a munnecher een nach méi laang) an de Gäert vum LCE geschafft.

Dës Aktioun., dokumentéiert duerch e puer Photoen an e klenge Bilan, kënnt Dir gäre mat engem Don un H.E.L.P. asbl ënnerstëtzen. 
Den Erléis geet dëst Joer u 4 Projeten , déi et Schoulen an der Drëtter Welt erlaben Accès zu propperem Waasser ze kréien an d’Hygiènesconditiounen ze verbesseren. 

D’Kontosnummer vum CCPL ass déi üblech :  IBAN LU49 1111 1331 4561 0000

Merci am Viraus!