Lëtz. Philosolympiad 2021

Den 10. Februar huet de schoulinterne Concours fir déi national Philosophieolympiad stattfonnt. Bei der dësjäreger Editioun konnt d’Lee-Ann Lichtenberger vun der 1CLA mat senger perséinlecher Reflexioun zum Sujet “Krisen – Fluch oder Segen?” am meeschten iwwerzeegen. Domadder konnt d’Lee-Ann seng schonn exzellenten zweete Plaz vum leschte Joer verbesseren, a representéiert den LCE also bei der nationaler Philosophieolympiad, déi de 26. Februar 2021 zu Walfer stattfënnt.

Him, mee och deenen anere KandidatInnen eis Felicitatiounen!