Public’s Choice Award fir “PartyDësch”

D’Mini-Entreprise “PartyDësch” huet e Freideg, de 4. Juni an der Finall vun de Mini-Entreprisen de Public’s Choice Award gewonnen. Sie waren ausserdeem eng vun dräi nominéierte Mini-Entreprise fir déi bescht Präsentatioun. De Paul Toussing huet dobäi och den Alumni Leadership ward iwwerreecht kritt. Mir felicitéieren de Schüler vu PartyDësch fir hier ausgezeechent Leeschtung a weisen Iech e puer Biller vun dëser Präisiwwerreechung.