Rallye Citoyen

Eis Schüler vun der 3CD, der 3CG an der 4GCM hunn dëst Joer um Rallye Citoyen deelgeholl. De Rallye gëtt vum Jugendrot organiséiert. Op 6 Statiounen an der Uewer- an Ënnerstad hu si mat Schüler aus dem LAM bei waarmen Temperaturen un Aktivitéiten zum Thema « Youth Goals » deelgeholl. Op dem Wee vum MNHA bis bei d‘Maison de l’Union Européenne laanscht de CIGALE, Handicap International an de Kanner-a Jugendtelefon hunn eis Schüler an hire 6 Equippen nawell e puer Kilometer gemaach. Et war e flotten Dag ! Zum Schluss konnt een an zefridde Gesiichter blécken. Endlech hunn eis Schüler mol rëm kënnen eppes Anescht erliewen !

Mir gratuléieren eiser Equipe « No_Name » vun der 3CD fir déi 1. Platz !

#LCE #DeJugendrot #youthoals #rallyecitoyen #cityrallye