D’3C um Stage écologique

Dëst Joer konnt de Stage écologique, wéinscht den aktuelle Covid-Bestëmmungen, net wéi gewinnt iwwert 2 Deeg stattfannen. Mee ëmmerhin konnt d’3C den 11. Juni op Huelmes goen fir dëse Stage, deen de Programm virgesäit, ze maachen.

Um Programm  stoung d’Ekosystem Waasser , wou d’Schüler souwuel an engem Weier wéi och an enger Baach chemesch a biologesch ( Saprobienindex ) Analyse gemaach hunn fir d’Qualitéit vum Waasser ze bestëmmen.