Diplomiwwerreechung

Gëschter Owend krute 77 houfreg Primaner hire wuel verdéngte Premièresdiplom am Trifolion vun der Direktioun vum LCE a Präsenz vun der Madamm Minister Carole Dieschbourg iwwerreecht. Déi beschte SchülerInne vun all Sektioune goufe vun eiser “Amicale des Anciens “ geéiert. De Präis vun der “Conférence nationale des professeurs de sciences économiques et sociales” gouf un eis beschte Schülerin an deem Fach verdeelt.

Eis Felicitatiounen!

Eng Galerie mat ville flotte Fotoe vun dësem feierlechen Owend kënnt dir deemnächst op eisem Internetsite kucken.