Septimaner-Rentrée

Haut de Moie goufen 193 Septimaner an d’Schoulgemeinschaft vum LCE opgeholl. Am Trifolion goufen si an hir Eltere vun der Direktioun vum LCE ganz häerzlech begréisst. No der Ried vum Här Trauffler, Direkter vum LCE, sinn eis nei Schülerinnen a Schüler mat hirer Regente oder hirem Regent an d’Haaptgebai vum LCE gaangen. An hirem Klassesall hu si hier nei Klassekomerode kenne geléiert a goufen an den Oflaf vum Lycée agefouert.

Mir wënschen hinnen e schéint an erfollegräicht Schouljoer!

Previous slide
Next slide