Sustainable Entrepreneurial Schools (SES)

WOW – wat een Exploit !

Fir eng éischte Kéier huet den LCE um Projet „Sustainable Entrepreneurial Schools“ vum SCRIPT an der Generaldirektioun vum Mëttelstand deelgeholl.

Ziel vum Projet as et haaptsächlech d’Schüler fir den d’Entrepreneuriat ze sensibiliséieren, déi wirtschaftlech Allgemengbildung ze förderen, iwwert Nohaltegkeet opzeklären an sie domat firun allem zum „aktiv gin“ ze bewegen.

Ziel am LCE vum Schouljoër 20-21 war et den Label vum Niveau 1 ze kréien an domat als „Start-Up“ ze gëllen.

Ët konnten awer esou vill Aktivitéiten (Workshops, Virträg, Challengen, Concours’en, …) documentéiert gin, dass den LCE d’lescht Woch op der offizieller Labelzeremonie direkt den Label vum Niveau 2 konnt iwwerreecht kréien an ganz stolz op sain esprit d’entreprise ka sin.

Fir mindestens bai dëser „entrepreneurial progression“ ze bleiwen, sin d’Memberen vun der Schoulcommunautéit och dës Schouljoër motivéiert weiderhin vill Aktivitéiten an den Beraïcher „Entrepreneurship“, „finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung“, „Nohaltegkeet“ souwéi „Orientatioun“ unzebidden. Oder packen mir et all zesummen den Niveau 3 ze erreechen ?

Maacht mat an engagéiert iech !

Wanns du méi iwwert dësen Projet wëlls gewuer gin, dann kuck hei um Site vum LCE oder hei um Site vum Projet.

Previous slide
Next slide