Generéisen Don

Am Juli 2021 goufen iwwert 1000 Bicher aus der Aarbechtsbibliothéik  vum Iechternacher Lycée Affer vum Joerhonnerthéichwaasser. Doropshin huet de Comité vum Lënster Bicherclub decidéiert den LCE finanziell z’ënnerstëtzen, sou datt de Bestand vun der Bibliothéik nees séier kann erneiert ginn. Den 20. Oktober 2021 hunn d’Mme Carole Niesen an den Här Anicet Schmit vum Lënster Bicherclub der Direktioun vum LCE e Chèque vun 3000 € iwwerreecht. Dës Sue vun de benevolle Bicherfrënn sinn duerch de Verkaf vu gebrauchte Bicher zesumme komm. Déi ganz Schoulgemeinschaft seet dem Lënster Bicherclub villmools Merci fir dëse generéisen Don.