Léiere mam iPad

En Dënschden war et sou wäit! D’Eltere vun eise Septimaner aus dem ESC konnten den iPad fir hiert Kand an de Spigelsall siche kommen. Eigentlech sollten eis Septimaner den Tablett schonns bei der Rentrée kréien. Liwwerengpäss hunn awer fir dës Verspéidung gesuergt. Deen Owend hunn de Laurent Sturm an de Michaël Meier, béid Membere vun der AG “one2one” am LCE, den Elteren d’Modalitéite vun der Locatioun an d’Reegelen, déi am Ëmgang mam iPad am LCE gëllen, erkläert. Si hu betount, datt den iPad de Schüler*innen hiert neit “Schaffgeschier” a keng Spillsaach ass, firwat och eng Rei Restriktiounen um iPad installéiert goufen.