Bildungsforum 2021

De Nohaltegkeetsgrupp vum LCE war de 17. November 2021 um Bildungsforum „Schule der Zukunft“ am Forum um Geesseknäppchen. No engem Virtrag vum Margret Rasfeld zu den Erausfuerderungen, deenen sech d‘ Bildungssystem an den aktuell turbulenten Zäite stelle muss, haten d’Schülerinnen an d’Enseignantë d’Méiglechkeet, a verschiddene Workshops vill flott Iddien ze sammelen, fir d‘Léiren an der Schoul méi nohalteg a besser un d’21. Joerhonnert ugepasst ze gestalten. Den Austausch mat anere Schoulen aus Lëtzebuerg an aus Däitschland huet eis Schülerinne motivéiert an inspiréiert. Si hoffen elo e puer vun dësen Iddien am LCE ëmsetzen ze kënnen.