"Bien-être"
Aktivitéiten am LCE
- All dës Aktivitéite si gratis fir d’Schüler*innen aus dem LCE!
- Bei Froen schreift dem Responsabelen iwwer TEAMS!

Spillerschaf
Wou: SePAS-Büro P 008bis
Wat: Komm laanscht a léin der e Spill (Kaartespiller, Gesellschaftsspiller,…) bei ons aus!
Wéini: dënschdes an donneschdes vun 11:50 bis 13:30
Responsabel: Noémie Goedert & Sarah Thommes

Pâtre et Moine
Wou: P109
Wat: Mir interesséieren eis fir d’Geschicht vun eiser Schoul a maache Recherchen ronderëm den Historique vum Schoulgebai. Mir bereeden eis och op Visites Guidées vir an deene mir eise Matschüler*innen Elteren oder Touristen eise Lycée weisen. Mir hunn och schonn Doku-Filmer an eng Ausstellung realiséiert. Zum Schluss vum Schouljoer gi mir reegelméisseg op Ausflich (z.B. a Muséeën oder mir ginn al Abteie besichtegen).
Wéini: ofwiesselnd
Responsabel: Anne Engels

Nohaltegkeetsgrupp
Wou: ofwiesselnd
Wat: Mentalitéitswandel / Informatiounen /schaffe fir Saachen am LCE ze verbesseren
Wéini: Huelt Kontakt via Teams oder per Mail (nohaltegkeet@lce.lu) mat de Responsablen op!
Responsabel: Pit Sünnen Julie Paulus Guy Schartz Laurent Eicher Anne Engels

Mérite Jeunesse
Wou: an der Schoul
Wat: Fir beim “Mérite Jeunesse” matzemaachen sicht sech all Jonken a véier Beräicher Ziler eraus. Den Enseignant begleet hien/hatt an der Ëmsetzung vu sengen Ziler. Dräi Beräicher fannen an der Fräizäit statt:
1) Benevolat: sech fir aner Leit asetzen
2) Talent: en Talent entwéckelen
3) Sport: eng kierperlech Aktivitéit verbesseren
D’Expeditioun also en Abenteuer fir sech an der Natur ze orientéieren gëtt vun der Schoul organiséiert an dauert 2 Deeg an 1 Nuecht.
Wéini: D’Expeditioun ass am Summer. Et gëtt 4 Virbereedungstreffen (jeeweils um 14.30 no der Schoul)
Responsabel: Carmen Schares

Theater
Wou: am Festsall
Wat: Fir all déi déi Loscht hunn an nei Rollen ze klammen a nei Säiten un sech ze entdecken ass den Theater genau dat Richtegt. Hei léiert dir är Angscht virun engem grousse Publikum ze schwätzen an ze spillen ze iwwerwannen.
Wéini: D’Prouwen sinn ab Januar all Fréiden um 14.30 Auer.
Responsabel: Racha Hamzeh Jil Beckené Vanessa Francisco an Tessy Schortgen

Makerspace
Wou: S 008
Wat: Am Makerspace kann een:
– mat Lego spillen
– Robotere bauen
– Programméieren léieren
– mat engem 3D-Drucker printen
– mat engem Laser (fir Holz an anert Material) schaffen
– Awalé spillen
Wéini: de genauen Horaire hänkt un der Dir vum Makerspace
Responsabel: Anita Hennus

Dëschtennis
Wou: an der Sportshal
Wéini: méindes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Ralph Bermes

Spinning
Wou: am PS
Wéini: méindes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Tom Moschtert

Volleyball
Wou:an der Sportshal
Wéini: méindes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Jan Mikeska

Football
Wou: an der Sportshal
Wéini: dënschdes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Pierre Lech / Ralph Bermes

Basketball
Wou: an der Sportshal
Wéini: dënschdes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Tom Moschtert

Football (Championnat)
Wou: an der Sportshal
Wéini: mëttwochs vun 11:50 bis 12:40
Responsabel: Tom Moschtert / Ralph Bermes

Badminton
Wou: an der Sportshal
Wéini: mëttwochs vun 14:30 bis 15:20 (ab Januar)
Responsabel: Jeff Bissen

Fitness
Wou: am GS
Wéini: donneschdes vun 14:30 bis 15:20
Responsabel: Jeff Bissen

Tricking
Wou:an der Sportshal
Wéini: freides vun 14:30 bis 16:10
Responsabel: Jan Mikeska