Nohaltegkeet am LCE

E Freideg, de 4. Juni hu verschidde Schüler an Enseignante vum LCE sech am Orangeriesgaart getraff fir iwwert d’Thema “Nohaltegkeet am LCE” ze diskutéieren. Dobäi  si verschidden Iddien iwwert den Ausbau vum Recycling oder d’Reduzéiere vum Energieverbrauch am LCE thematiséiert ginn. Iwwert méiglech Aktivitéite, wéi Visitte vun nohaltegen Entreprisen, Generatiounsgärt oder nohaltege Landwirtschaftsbetrieber gouf nogeduecht. Weider si Weeër gesicht […]

Optioun Fairtrade: VIDEOCALL

D‘Grupp vun der Optioun Fairtrade, geleet vum Meris Agovic, Julius von Kymmel, Marine Caboche, Anne-Catherine Schiltz, huet e Videocall mam Fortin Bley, engem Kakaosbauer vun der Côte d‘Ivoire organiséiert. D‘Ziel war et, en Abléck a séin Alldag, seng Zesummenaarbecht mat Fairtade a senger aktueller Situatioun ze kréien. Sou goufen him an engem Interview Froen iwwer déi verschidden Theme […]

Kompetitioun “CanSat”

D’Lina Metzger aus der 3eGIG, de Philippe Schaack, de Nicolas Berger, de Pierre Fusshoeller souwéi de Ben de Boer aus der 2eB hunn als Team Korolev mat hirem Tuteur den Här Michel Biersbach un der nationaler Kompetitioun “CanSat” deelgeholl. D’Ziel war fir als Team en klenge Satellit an der Gréisst vun enger Béchs z’entwerfen, ze bauen an duerno mat enger Rakéit e Kilometer an d’Luucht ze schéissen. Dobäi goufe Moossunge geholl an de […]

Premières-Examen am LCE

Mir wënschen eise SchülerInne vill Erfolleg. E puer Impressiounen a Bild an Toun vun den 2 éischten Examensdeeg! https://www.rtl.lu/news/national/a/1723027.html

Mini-entreprise Partydësch

“Partydësch” konnt sech fir d’Final vun den 20 beschte Mini-entreprise qualifizéieren. D’Final ass den 4. Juni am Kinepolis. Mir wënschen eise Schülerinnen a Schüler vu “Partydësch” vill Erfolleg.

Les sociétés d’impact sociétal

Le 7 mai 2021, les élèves de la classe de 2CG ont participé à une présentation de Madame Vanessa Schummer (Ministère du Travail, de l’Emploi et de l’Économie solidaire) sur le sujet des sociétés d’impact sociétal. Cette rencontre a permis aux élèves de constater que le monde des affaires essaye d’accorder de plus en plus […]