Job Shadow Day

An der Woch vum 25. Mäerz 2024 hu 7 Schüler aus dem LCE um “Job Shadow Day” vun der JEL (Jonk Entrepreneure Luxembourg) deelgeholl. Hei konnten déi Jonk wärend engem Dag en Abléck an d’Beruffsliewe vun engem Betribsmanager kréien. Eng Rei bekannten Entreprisë, wéi Eldoradio, Rockhal, Garage Kruft, RTL etc., hu bei dëser Aktivitéit matgemaach. […]

Ons Futsallekipp …

… huet de 25. Abrëll 2024 am Athénée ganz gutt gespillt: Op een eenzege Gol ass et net duer gaang fir Éischt an hirem Grupp ze ginn. Hei waren d‘Resultater: LCE-ALR: 2-2 LCE-AL: 2-1 LCE-LTC: 2-0 (Text a Foto: Jeff Bissen)

Waasserstoff – eng alternativ Energiequell

Beim Virtrag „Waasserstoff – eng alternativ Energiequell“ gehale vum Här Guy Breden kruten eis SchülerInnen e méi déiwen Abléck an Technologie vum Waasserstoff mat hire Vir- a Nodeeler. Doriwwer eraus krute si sur Place e Waasserstoff-Auto presentéiert an säi Funktiounsprinzip erkläert.Mir soen dem Här Raoul Weber Merci fir d’Organisatioun vun dëser interessanter Konferenz.

Op der YEP Schoulfoire

haten eis Schüler vun der 7CM1 haut d’Méiglechkeet un zwee Atelieren deelzehuelen, wou si geléiert hunn, wéi eng Déieren a wéi eng Mineralien sech an Hiele verstoppen.An engem aneren Atelier konnten si hirer Imaginatioun a Kreativitéit fräie Laf loossen a Geschichten iwwer ganz skurril Skulpturen erfannen. Als Ofschloss kruten si e kuerzt Theaterstéck gewisen.(Text a […]

Bakterien am Solarium

Wéi eng Auswierkungen hunn UV-Stralen op d’Ierfmaterial  a schützt Sonnecrème den ADN virun dësen ?Eng Äntwert op dës zwou Froe kruten d’Schüler vun der 2eC am Kader vun engem Atelier am Scienteens Lab – de Labo fir Jonker – um Campus vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch/Belval.Wärend engem Schouldag konnten d’Schüler hei, zesumme mat Fuerscher aus […]

Job Shadow Day

Verschidde Schüler aus dem LCE hunn dëst Joer um “Job Shadow Day” deelgeholl a konnten sou een Dag laang en Abléck an den Aarbechtsalldag kréien. Hei e puer Andréck : Laura Nosbusch: “Ech hu vill dobäi  geléiert a mat ECONOCOM eng Firma kennegeléiert vun där ech virdrun nach näischt leieren hat.” Jean-Pierre Federspiel :” Ech […]

Relais pour la vie

De Weekend vum 23. a 24. Mäerz hu 17 Enseignanten vum LCE als Équipe connectée um “Relais pour la vie” deelgeholl. Si sinn insgesamt 37 Stonnen gelaf, getrëppelt a Vëlo gefuer an hunn doduerch 2650€ fir de gudden Zweck sammele kënnen.

Réagis!

“La seule erreur que tu peux faire, c’est de ne rien faire!”  Am Kader vum Programm “Réagis – Restart a Heart” hunn d’Schüler no enger theoretescher Aféierung un der “Brayden Pro Popp” och dëst Trimester rëm d’Häerzmassage geléiert. Dës liewensrettend Formatioun gëtt am zweejärege Rhythmus widderholl.

Sproochemoien am LCE

Haut de Moie konnten d’Schüler an d’Schülerinne vun de 7C Klassen sech op eng méi spilleresch Aart a Weis mat Sproochen ausernanersetzen. Sou hunn engagéiert Mataarbechter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat hinnen e flotte Quiz iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur gemaach. An der Schoulbibliothéik stoungen déi däitsch Sprooch an d’Bicherwelt am Mëttelpunkt, wärend si […]