VINTAGE

Dës Fotoe kéinten aus dem leschte Joërhonnert sinn.Si erënneren eis u Biller aus ale Fotoalben: vergilbt, am Sepia-Toun oder mat engem roudelzege Stéch …D’SchülerInnen hunn an der Foto-Optioun (Madamm Andrée Staar) passend Motiver fotograféiert a se am Photoshop an e Retro-Stil ëmgesat.

Trip op Paräis (Part 2)

Och d’Schüler an d‘Schülerinne vun der 1CD ware mat den Ecosproffen Michel a Paul Kohnen e Weekend op Paräis. An enger gudder Ambiance konnten si an deenen 2 Deeg flott Impressiounen aus der Weltstad mat Heem huelen. Déi Rees an hirem Ofschlossjoer am LCE wäert de Schüler a Schülerinnen hoffentlech laang an Erënnerung bleiwen.

Liesung vum Auteur John-Paul Gomez

En Dënschden, de 16. Januar war den engleschsproochegen Auteur John-Paul Gomez op Besuch am Lycée. Hien huet de Klassen 2A an 3A an der Bibliothéik aus sengem Buch “The idiot of St. Benedict and other stories” virgelies. Mat dësem Buch konnt den Auteur beim Concours littéraire national 2022 déi éischt Platz an der Kategorie “auteurs/autrices […]

LASEL Schi Championnat 2024 zu Adelboden

Sonn, perfekte Schnéi a vill Podiumsplazen – Esou kann een de Weekend um Schi-Championnat zu Adelboden beschreiwen.  Bei beschtem Wieder ass Samschdes de Riseslalom gefuer ginn, wou den Tim Bermes an d’Sophie Warken an hirer Kategorie jeeweils eng 3. Plaz gemaach hunn. Sonndes ass et Moies scho fréi op de Bierg gaang fir de Slalom. […]

En Trip op Paräis

D’Schüler an d‘Schülerinne vun de1CE ware mat hiren Zeecheprofessorinnen  dëse Weekend op Paräis. An dëser Weltstad konnten si vill kulturell Andréck sammelen.  Sou stoung op hirem ofwiesslungsräiche Programm ënner anerem d‘Fondatioun „Louis Vuitton“ mat enger impressionanter Rothko Ausstellung, den Eiffeltuerm, de Louvre a villes méi. 

Weltumspannendes “Locus Iste” – den 200ste Gebuertsdag vum Anton Bruckner

Aus méi wéi 50 Bäiträg, aus der ganzer Welt, gouf dem groussen éisträichesche Komponist Anton Bruckner, seng Motette Locus Iste, fir deem säin 200ste Gebuertsdag, zu engem Gesamtvideo zesumme geschnidden. De Video weist, dass Musek verbënnt an ass als weltwäit Symbol vu Fridden, den 1.1.24, als Erëffnung vum Brucknerjoer (1824-1896), verëffentlecht ginn. Och den LCE-Musicalchouer ass […]

LCE-Preventiounsprojet

Den 18. an den 19. Dezember hu bal 600 Schüler a Schülerinnen zesumme mat 34 Enseignanten un enger Preventiounscampagne am Kader vun “Not sharing is caring” geschafft. Si goufen iwwert d’Konsequenze vu Besëtzen a Verbreede vu Gewaltvideoen informéiert an kruten erklärt, wat “non-assistance à personne en danger “an Zivilcourage heescht.All d’Classes inférieures hu mat hiren […]